Pierre Kast | |
---|---|
Gebuertsnumm | Pierre Georges Kast |
Gebuer |
22. Dezember 1920 10. Arrondissement |
Gestuerwen |
20. Oktober 1984 Roum |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmkritiker, Regisseur |
![]() |
De Pierre Kast, gebuer den 22. September 1920 zu Paräis, a gestuerwen den 20. Oktober 1984 zu Roum, war e franséische Resistenzler, Dréibuchauteur, Filmregisseur an Auteur.
De Pierre Kast war am Zweete Weltkrich an der franséischer Resistenz engagéiert. Nom Krich war hie vun 1946 bis 1948 Mataarbechter vun der Cinémathèque française. Hien huet och 1950 Filmkriticke fir d'Cahiers du cinéma geschriwwen. Säin éischte Laangspillfilm Amour de poche huet hien am Joer 1957 gedréit.